WAT ASS USIC ?

 

1946, also knapp nom Krich gouf d’USIC (Union Sportive Internationale des Cheminots) zu WIEN gegrënnt. Deemools war nach russesch Militär an der Stad.

Grënnungslänner waren Éisträich, Ungarn an Tschekoslovakei. Direkt am nämmlechte Joer um Kongress zu Roum si 4 weider Länner gefollegt, dorënner och Lëtzebuerg.

 

Den Zweck war, duerch sportlech Treffen den eisernen Vorhang ze durchlescheren an matzehëllefen de Fridden tëschent de Natiounen, onofhängeg vun der politescher Astellung, ze förderen.

 

D’USIC ënnerläit Statuten (2 deck Bicher). Zur Zäit gruppéiert d’USIC, zënter 2000 mat Sëtz zu Utrecht, 26 Länner an 22 Sportdisziplinen. Alles ausser Indien sinn europäesch Natiounen. An engem 4 jäerlechen Zyklus ginn d’Championnater an allen Disziplinnen ofgehalen.

 

Wat fir Sportdisziplinen si vertrueden : Nordisch Ski / Alpin Ski / Tennis / Dëschtennis / Keelen / Fussball / Haalefussball / Basketball / Handball / Fëschen / Bowling / Schéissen / Judo / Badminton / Marathon / Orientéierungslaf / Liichtathletik / Cross-Country / Velofueren / Volleyball / Schach a seit 2007 och Golf.

 

Well et Lëtzebuerg awer aus finanziellen Grënn onméiglech ass regelméisseg esou en Championnat ze organiséieren, hu mir eis mat 7 anere Länner zesummegedoen fir jäerlech ënnert dëse 7 Länner turnusweis Turnéier ze organiséieren. Et sin dat folgend Länner: Däitschland / Schwäiz / Polen / Tschechien / England / Lëtzebuerg

D’Belsch ass säit 2010 nei bäikomm. Lëtzebuerg hëllt u folgend Turnéieren deel: Fëschen / Haalefussball / Basketball, Volleyball seit 2005 / Golf ab 2010 / Sportscheissen ab 2011 an organiséiert all 6 Joer eng Koordinatiounssetzung.

 

Déi jäerlech Sitzung vun dësen 7 Länner wou d’Organisatioun vun circa 15 Turnéier virbereet gëtt, war 2010 zu Nürnberg, 2011zu Luzern an der Schwäiz an 2012 zu Antwerpen..

 

USIC Länner sinn folgend Natiounen (26):

Däitschland / Éisterräich / Belsch / Bulgarien / Dänemark / Finnland / Frankräich / Grossbritannien / Griichenland / Indien / Italien / Kroatien(schlofend) / Norwegen / Niederlande / Polen / Portugal / Rumänien (schlofend) / Russland / Slowakische Republik Slowenien / Serbien / Schwäiz / Tschechien / Ungarn / Wäissrussland / Jugoslawesch Republik / Kasachstan an Lëtzebuerg

                                              

     Matgedeelt vum H. Guy Herr                                                  

Die Luxemburger Mannschaft anlässlich der USIC Weltmeisterschaft 2011 in Podebrady
Die Luxemburger Mannschaft anlässlich der USIC Weltmeisterschaft 2011 in Podebrady