WAT ASS AS CFL?

 

AS CFL gouf 1947 mat der Grënnung vun enger Tennis-Sektioun, direkt gefollegt vum Fussball, an Liewen geruff.

 

Zur Zäit sinn folgend Sportdisziplinen vertrueden (de gros ass Fussball):

-          Fussball: hei besteet een Intersectiounscomité den sech haaptsächlech ëm international Aktivitéiten bekëmmert, déi sougenannten CFL Nationalequipe. Folgend Sektiounen falen dann ënnert dësen Comité: Ateliers Letzebuerg / Gare Bettembourg / Fahrpersonal / Garage Letzebuerg / Gare Rodange / Zwickau / FC Nordstreck

-          Eng weider Fussballinstanz, den FC Eisebunn 1997, ass zoustänneg fir den lafenden Korporatif-Championnat, wou si mat 1 Equipe vertrueden sinn . Aner Disziplinnen sinn:

-          Tennis Bettembourg

-          Schach

-          Basketball déi och um nationalen Korporatif-Championnat deelhëlt

-          Bowling

-          Sportfëschen

-          Liichtathletik

-          Keelen

-          Tauchen

-          Jonge vun der Nordstreck déi awer éischter Sportloisir bedreiwen

-          Golf         

-          Volleyball

-          Sportscheissen   

 

Um USIC-Championat si mir mat Fussball / Haalenfussball / Basketball / Sportfëschen / Sportscheissen / Tennis / Schach an Volleyball vertrueden. Bowling ass neierdéngs och interesséiert.

Verbindung tëschent der Generaldirektioun an den Sportsektiounen geschitt duerch an “Délégué de la DG auprès de l’ASCFL” (M. Guy Herr ab 11/2004)

Jidder Korrespondenz tëschent der ASCFL an der USIC muss vum Delegéierten erstallt an ënnerschriwwen sinn. ASCFL huet keng intern Statuten, ass och net ASBL.

Betreffend Subventiounen stellt den Delegeierten alljährlech eng demande un GD. Jidder Sektioun krit eng Subventioun déi no national an international Aktivitéit vum Delegéierten virgeschloen gëtt.

Zur Zäit sinn 448 Eisebunner als Member vun der AS CFL bei enger nationaler Versécherungsgesellschaft ugemellt an domat och verséchert.

 

  Zesummegestallt vum H. Guy Herr